Invité vun der Redaktioun (19. Juli) - Gilles FeithBëlleg Flich ginn op Käschte vun der Natur

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie war de Luxair-Direkter eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Gilles Feith
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Mir si lo nees an der Rei an hunn nees e flux continu. Dat sot de Luxair-Generaldirekter Gilles Feith um Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun, zu der NATO-Pipeline, déi de Kerosin op de Fluchhafen op de Findel bréngt.

Bei den Iwwerschwemmungen war op däitscher Säit jo Waasser agedrongen, wouduercher et zu Problemer bei der Versuergung komm war.

De Klimawandel ass eppes Reelles, jugéiert et de Luxair-Direkter. Hien hätt selwer och Waasser am Keller gehat a géif mat jidderengem matfillen, deen och betraff war.

D’Luxair wéilt op alle Fall alles maachen, fir hiren CO2-Footprint ze verbesseren.

Ouni se mam Numm ze nennen, huet de Gilles Feith d’Low-Budget-Airlines kritiséiert. Wann e Fluchticket just 10€ géif kaschten, da géif virun allem d’Natur an d‘Ëmwelt bezuelen.

D’Reese mat der Luxair wier iwwregens och a Covid-Zäite weiderhi sécher, huet de Gilles Feith verséchert. Um Vol gëtt et iwwerdeems no der Polemik am Fréijoer elo och nees Crémant vun der Musel.

Ugeschwat op d’aktuell finanziell Schwieregkeete vun der Luxair sot den Direkter vun der Airline, d’Firma géing duerch eng ganz strikt Kontroll vun de Käschten iwwerliewen.

E Méindeg de Moie war de Luxair-Direkter eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO