Deemools koumen déi 2 wäiss Walen u Land vun der klenger Insel Heimaey an e Quarantän-Becken, fir sech z'akklimatiséieren, éier si an hiert definitiivt neit Doheem an enger Bucht vun der Insel sollte kommen.
Wiederkonditiounen, Covid an och, datt déi 2 nach u villes méi wéi dat kaalt Waasser hu misse gewinnt ginn, huet schlussendlech dozou gefouert, datt se elo am August iwwert e Joer méi spéit an hir Bucht gelooss goufen. Dat ass awer elo gegléckt. Am grousse Magazin-Reportage weise mer iech, wéi d'Aventure vun deenen zwee an hir Rees an e Stéck Fräiheet an dëser ganzer Zäit verlaf ass.
Granz fräi si se iwwregens net, d'Bucht ass mat Netzer zum grousse Mier ofgetrennt. No engem Joerzéngt eraus aus hirem natierlechen Habitat war et net méi méiglech si auszewëlderen. D'Bucht ass awer op d'mannst 30 Mol méi grouss wéi hir al Piscine a China.
RTL-News: VIDEO - Cargolux, Sea Life Trust a WDC: 2 Beluga-Walen: Vum Aquarium an d'Mier mat der Cargolux
RTL-News: Endlech ass et souwäit: Déi zwee Beluga-Wale sinn an Island ukomm
RTL-News: China-Island-Fräiheet: Lescht Etapp fir 2 Beluga-Walen fir an d'Mier