
Den DP-Spëtzekandidat Ben Ries kënnt zu Jonglënster op déi meeschte Stëmmen (2.715). Hannert him kommen de Raphaël Schmitz vun der CSV (2.125 Stëmmen) a säi Parteikolleeg, den DP-Deputéierte Gilles Baum (1.964 Stëmmen).
Am Verglach zu 2017 huet d’DP 4,6 Prozent gewonnen, d’CSV huet 5,1 Prozent verluer.