Am Asaz waren eng 50 Pompjeeën aus siwe verschidden Asazzentren. Och d’Police war op der Plaz, fir ënner anerem de Verkéier ze reegelen. Zu Veianen ass ee matten an der Touristesaison.
Well et an de Bëschhiwwele keen Hydrant oder Gewässer gëtt, hätt een dat Ganzt Läschwaasser misse mat de Camionen vu Veianen erop op de Bierg féieren, sot de Christian Schmitz vum CGDIS am RTL Interview.
D’Feier war am fréie Mëtteg geläscht. Iwwer d’Ursaach vum Brand war e Samschdeg de Mëtteg nach näischt gewosst. De CGDIS hat an hirem Bulletin matgedeelt, datt keng Persoun beim Feier blesséiert gouf.