Soirée de l'AgricultureBesonnesch Auszeechnunge fir engagéiert Baueren

Marc Hoscheid
Monique Kater
Eng Première zu Biereng bei Miersch: En Donneschdeg huet d'Wochenzeitung "De Letzeburger Bauer" fir d'éischt Kéier d'Soirée de l'Agriculture organiséiert.
De Letzeburger Bauer goes Hollywood
Op der 1. “Nuecht vun den Oscaren” weist den Agrarsecteur Zesummenhalt.

Soziaalt Engagement, ekonomesch Diversifizéierung an ekologesch Vitalitéit: An dësen dräi Kategorie goufen en Donneschdeg den Owend op der éischter Soirée de l’Agriculture vun der Wochenzeitung “De Letzeburger Bauer” iwwerreecht. Ronn 20 Baueren hate sech gemellt, ma et konnte just dräi gewannen.

A verschiddene Kategorie goufe Leit aus dem landwirtschaftleche Milieu ausgezeechent. Ma den Owend stoung och am Zeeche vu Spannunge ronderëm dat neit Agrargesetz.

Soirée de l’Agriculture zu Biereng / Rep. Marc Hoscheid

“Wat de Bauer net kennt, dat frësst en net”, heescht et am Volleksmond. Ma och wann d’Soirée de l’Agriculture nei ass, huet se vill Leit aus dem Secteur an de Restaurant “A Guddesch” op Biereng gelackelt. Dëst Evenement wier wichteg fir d’Landwirtschaft besser no baussen duerzestellen. Am Moment ass d’Stëmmung bei de Baueren éischter ugespaant, well am neien Agrargesetz eng Deckelung vum Véibestand virgesinn ass. De Christian Wester, President vun der Bauerenzentral, gesäit de Landwirtschaftsminister Claude Haagen um Zuch:

“Ech mengen de Minister war nei am Amt. En huet, et muss een et leider sou soen, mat senger Aktioun fir dee Gesetzesprojet, ouni datt e mam Beruff diskutéiert gi wier, op den Instanzewee ze schécken, vill Kredit bei de Leit am Secteur verspillt. An et ass lo un him, fir dat Vertraue rëm zeréck ze gewannen.”

Trotzdeem huet een en Donneschdeg zu Biereng nëmmen zefridde Gesiichter gesinn. Virun allem bei deene fënnef Persounen, déi ee Präis iwwerreecht kruten. Déi fréier Politikerin Astrid Lulling gouf fir hiert Liewenswierk ausgezeechent. Der Laureatin no hätt si de Präis verdéngt, well si 1972 derfir gesuergt hat, datt den Tarif agricole fir d’Baueren net wéi geplangt eropgesat gouf. Ma et géif nach een zweete Grond:

“An Europa waren der ëmmer, déi hu géint den Alkoholismus agéiert. Déi wollten, datt op de Wäifläschen dat steet, wat op den Zigarette steet, nämlech datt et net gutt ass, datt een dervu stierft an esou weider. Ma et ass just de Contraire de Fall. Mee dat duerfe mer net drop schreiwen, dat ass net erlaabt. Si wollten dat maachen, mee du hunn ech dat verhënnert.”

Mat Alkohol kennt sech och de Gewënner vum Spezialpräis aus. De fréieren Direkter vun den Domaines Vinsmoselle, Constant Infalt, huet 1991 zu Lëtzebuerg de Cremant als Mark etabléiert.

“Fir eis Wënzerbetriber ass et haaptsächlech drëm gaangen, fir nei Revenuen ze kreéieren, fir d’Betriber och laangfristeg méi sécher ze gestalten. An dat kanns de nëmme maachen, wann nei Produiten um Marché sinn, déi awer net nëmmen eng Moud sinn.”

Zum Succès vum Lëtzebuerger Cremant hätten an éischter Linn Frae bäigedroen. Do schléisst sech dann och de Krees tëscht de Gewënner vum Liewenswierk- a Spezialpräis.

Fir säi soziaalt Engagement gouf de Georges Friederich vun Uespelt geéiert.

“Mir hunn ee landwirtschaftleche Betrib, wou mer Mëllech a Fleesch produzéieren, och Naturschutzfleesch. Dat ass mir awer net duer gaangen, well et mer wichteg ass, datt mer net nëmme Mëllech a Fleesch produzéieren, mee datt mer de Leit och solle weise wéi dat am Betrib funktionéiert. An net just deene Leit, déi mobil sinn, mee och deenen, déi ageschränkt an all Dag op eng Hëllef ugewise sinn.”

De Fränk Clemens krut sengersäits ee Präis dofir, datt hien eng breet Palett u Produiten ubitt, hien huet sech och derfir agesat, datt d’Baueren hir Wueren direkt um Bauerenhaff verkafen duerfen.

“Mir vermaarte Fleesch direkt um Bauerenhaff. Mir hu virun 30 Joer ugefaangen an dunn hunn ech mech beméit, fir eng Geneemegung ze kréien, bis dohi gouf et kee Reglement. Well ech den deemolegen Direkter vun der Veterinärsinspektioun kannt hunn, ass een neit Reglement gemaach ginn, fir datt Baueren um Haff dierfe schluechten, verschneiden a Fleesch frësch verkafen.”

Zanter 199 bedreift den Tom Kass ee Biobauerenhaff. Duerch seng Elteren wier hien zwar mat der konventioneller Landwirtschaft grouss ginn, ma dee biologeschen Usaz huet hie méi iwwerzeegt.

Fir mech waren déi Léisungen, déi d’Biolandwirtschaft ze bidden huet vill méi logesch wéi dat wat an der konventioneller Landwirtschaft geschitt. Do gëtt et d’Närstoffersatztheorie, dat heescht wann een dem Buedem eppes ewech hëlt, muss een et als Konschtdünger rëm zeréck bréngen. An der Biolandwirtschaft gëtt villes einfach ganz anescht gekuckt an ech kann domat besser liewen, wéi mat där anerer Erklärung.”

Nieft dem Präis u sech kruten d’Gewënner eng Fläsch Schampes an 1.000 Euro. De Georges Friederich huet annoncéiert, d’Suen u sozial Vereenegungen ze spenden. Nom Succès vun der éischter Soirée de l’Agriculture dierft enger zweeter Oplo näischt am Wee stoen. Et ass geplangt d’Evenement all zwee Joer ze organiséieren.

Back to Top
CIM LOGO