Baastenduerf-SelzBëtonneuse ëmgefall, Strooss gouf gespaart

RTL Lëtzebuerg
Am spéiden Dënschdeg de Mëtteg hat e Chauffer tëscht Baastenduerf a Selz d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer.
© Domingos Oliveira / RTL

D'Bëtonneuse war doropshin ëmgetippt an ass op der Bäifuerersäit leie bliwwen. De Chauffer gouf beim Accident blesséiert.

Wärend den Aarbechten huet d'Streck tëscht Baastenduerf a Selz awer misste fir den Trafic gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO