
D’Biergerinitiative zu Wäiswampech wëllt d'Geneemegung vum Ëmweltministère fir en Hotel- a Fräizäit-Projet beim Séi ze baue virum Verwaltungsgeriicht kontestéieren. Dat huet si e Freideg op de sozialen Netzwierker annoncéiert.
De Projet ass héich ëmstridden an der Gemeng, ronn 60% vun de Bierger hate sech an engem Referendum dogéint ausgeschwat.