
De Countdown leeft...a ronn enger Woch mussen d’Kandidature fir d’Gemengewalen all deposéiert sinn.
Ausgeglache Lëschten zesummenzekréien ass net ëmmer einfach, soen all d’Parteien. Méi kleng Parteien hunn dacks nach méi Schwieregkeete wéi grousser. Biergerlëschte sinn deemno a méi klengen, ländleche Gemengen ganz beléift, besonnesch och an deenen 10 Gemengen, déi dëst Joer vum Majorz- an de Proporzsystem gewiesselt sinn. Do sinn da Kandidaten drop, déi kloer fir eng Partei stinn, mä och anerer, déi bereet sinn, sech z’engagéieren, awer net wëllen e Partei-Stempel hunn. Deen ass reegelméisseg och op der Aarbecht e Problem.
56 Gemenge wielen dëst Joer nom Proporzsystem a 46 nom Majorzsystem.
Muss eng Gemeng wierklech scho mat 3.000 Awunner an de Proporzsystem wiesselen?
De Wiessel op de Proporz geschitt automatesch, wann ee méi wéi 3'000 Awunner huet. Déi Zuel ass ze niddreg, kënnt ëmmer nees d’Kritik. D’Parteipolitik wär dacks a méi klenge Gemengen net sou wichteg, dat wëssen a spieren d’Parteien. D’Leit géifen déi Leit wielen, déi se kennen a mat deene se zefridde sinn. Als kleng Partei kënnen awer och déi 50 Ënnerschrëfte vu Wieler, déi ee brauch fir eng Lëscht, respektiv eng Ënnerschrëft vun engem Gemengeconseiller, e Problem sinn. Déi kleng Parteie werfen d’Fro op, ob déi Ënnerschrëften nach zäitgeméiss sinn.
Bis den 12. Abrëll mussen all d’Kandidature fir d’Gemengewalen offiziell dobanne sinn. D’Wale selwer si jo dann den 11. Juni.