Alters- a FleegeheemerBis de 25. Mäerz wëll ee mat der 2. Dosis vum Vaccin duerch sinn

Claudia Kollwelter
Mir hoffen, bis de 25. Mäerz an all den Alters- a Fleegestrukture mat der 2. Dosis vum Corona-Vaccin duerch ze sinn.
© AFP (Archiv)

Dat huet d'Familljeministesch Corinne Cahen den Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber am Kader vun enger Froestonn präziséiert. Et géif och keen Manktem u Material ginn, huet d'Ministesch betount, weder un FFP2-Masken nach u Beootmungsmaschinne géif et an de Strukture feelen. Wat d'Impfcampagne ugeet, huet dann d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert erkläert, datt bis ewell an 28 vun den 52 Alters- a Fleegeheemer mobil Ekippen am Asaz gewiescht wieren, fir d'Leit ze impfen.

D'Paulette Lenert

"A vun deenen 28 si schonn 11 Strukturen, wou déi 2. Dosis konnt gesprëtzt ginn. Mir hunn en Taux d'adhésion vu 86,7% bis elo an den Heemer. Dat ass en Tëschebilan. Doduerch, datt mer dem Personal an de Strukturen d'Méiglechkeet ginn hunn, sech an de Strukturen impfen ze loossen, hu mer Stand haut 1.437 Leit, déi konnten an de Strukture selwer geimpft ginn."

Parallel wieren d'Ekippe vun der Santé och an de Strukture fir handicapéiert Leit ënnerwee. Bis ewell wier an 3 därer Strukture geimpft ginn an do géif den Taux vu Leit, déi bereet sinn, sech impfen ze loossen, bei 95,5% leien, huet d'Gesondheetsministesch nach präziséiert.

E ganz anere Sujet an der Chamber war dee vum Droits d'auteur. Nach dëst Joer soll d'EU-Copyright-Direktiv zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn. Dofir wollt den CSV-Deputéierte Laurent Mosar a senger Fro un de Wirtschaftsminister wëssen, wou d'Regierung mat der Ëmsetzung vum Text drun ass.

De Franz Fayot

"Mir mussen hei déi richteg Balance fannen a fir dat hinzekréien, hu mer decidéiert, de Projet de loi, deen ausgeschafft gouf an elo virläit, bei eis am Wirtschaftsministère muer zur consultation publique fräizeginn. E gëtt also muer online verëffentlecht, jidderee kann den Text liesen an analyséieren an en ligne seng Commentairen dozou schécken.", esou de Franz Fayot um Dënschdeg.

Et wéilt ee sécherstellen, datt den Text ier en an de Regierungsrot an dann an der Chamber deposéiert gëtt, mat allen Acteure beschwat gëtt, huet de Franz Fayot nach ënnerstrach.

Back to Top
CIM LOGO