
Vum aktuelle Vaccin vu Biontech/Pfizer muss ee jo zwou Dose kréien an engem Intervall vun 21 Deeg. D'Gesondheetsberuffer an d'Personal aus de Spideeler, déi liberal Gesondheetsberuffer, d'Personal aus den Altersheemer a vun de mobille Fleegeservicer an d'Residenten an den Altersheemer hu fir den Ament Prioritéit, fir geimpft ze ginn.
D'Quantitéit, déi mer bis ewell kruten, geet net duer, fir all d'Leit aus deene 4 Kategorien. Mä bis Enn Mäerz solle genuch Vaccinen do sinn, fir 39.000 Leit, krut d'Regierung vu Biontech/Pfizer verséchert.
Den Impfstoff vu Moderna ass elo och an der EU zougelooss, sou datt och där Dose misste geliwwert ginn.
Dat alles äntwert d'Regierung op eng urgent parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierten Hansen, Halsdorf a Wiseler.