Froestonn an der ChamberBis op Weideres gëtt et de medezinesche Cannabis exklusiv an de Spidolsapdikten

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert en Dënschdeg an der Froestonn an der Chamber preziséiert.
© AFP

Den ADR Deputéierte Jeff Engelen hat gesot seng Partei wier der Meenung, datt een de medezinesche Cannabis mat enger Ordonnance an all den Apdikten am Land misst kréien. Schliisslech hätten déi Leit, déi de medezinesche Cannabis verschriwwe kréien dacks ganz vill Péng oder se wiere schwéier krank. Si sollten sech dofir net musse bis an d’Spidolsapdikten deplacéieren.

Den Ament wier et awer schwiereg eppes un der Distributioun z’änneren huet d’Paulette Lenert explizéiert.

Extrait Paulette Lenert

Dat ass mat ganz grousse Sécherheetsvirkéierunge verbonnen. Déi kënne garantéiert sinn am Spidol, wann een dat à grande échelle mécht an den normalen Apdikten, ass dat ganz vill Opwand. Och d’Berodung, déi ugebuede gëtt, ass wéi et schéngt ganz extensiv.

D’Paulette Lenert sot, si wéilt och net verstoppen, datt alt scho mol Schwieregkeeten mat der Clientèle gemellt goufen.

Eng éischt Pilotphas ass elo eriwwer, d’Gesondheetsministesch seet et géif sech eng zweet undeiten. Do géif méi de Fokus drop geluecht ginn ënnert wéi enge Konditiounen a fir wéi eng Indikatiounen een de medezinesche Cannabis ka kréien.

Back to Top
CIM LOGO