D’Wale sinn néng Deeg hier an awer fillt ee sech op ville Stroossen nach ëmmer observéiert. Honnerte Walplakater bleiwen uechter d‘Land verstreet a verlaangeren no hirem Doheem. Ma wéi laang dierfen d‘Panneauen eis Stroossen nach dekoréieren? Normalerweis läit et an der Responsabilitéit vun de Parteien, fir hir Panneauen no de Walen ewechzehuelen. Déi eng huele sech dat awer méi zu Häerzen ewéi anerer. De Ralph Di Marco vu Ponts et Chausées erkläert: “D’Parteien, déi wëllen e Walplakat opstellen, déi musse bei eis a beim Ministère eng ‘Permission de Voirie’ ufroen. An där Permissioun de Voirie steet ënner anerem dran, wéini d’Plakater däerfen opgestallt ginn. An dësem Fall war dat net virum 2. September 2023. Et steet och dran, wéini si se erëm mussen ewechhuelen. An dat ass an dësem Fall den 18. Oktober 2023.” Theoretesch musse se also bis e Mëttwoch all erof.
Ophänke vu Plakater: Et gi verschidde Reegelen
An där Permissioun de Voirie, ausgestallt vum Mobilitéitsministere, ass och festgeluecht, wou déi Plakater däerfen hänken, respektiv wou net. “Et geet virun allem drëms, dass d‘Visibilitéit vum Autofuerer, Vëlosfuerer, Motosfuerer a Foussgänger ëmmer garantéiert ass. Et gi Plazen, op deene Walplakater net dierfen opgestallt ginn. Zum Beispill op Autobunnen, Kräizungen, oder am Kreesverkéier.”
E Walplakat muss och op d’mannst annerhallwe Meter vum Stroossebord fort sinn, et däerf net matzen um Foussgängerwee stoen an och keen anert Verkéiersschëld verdecken. “E Walplakat däerf net engem Verkéiersschëld gläichen. Et däerf elo zum Beispill keng Partei e Virfaartsschëld huelen an dann do den Numm vun der Partei drop schreiwen, elo just als Beispill. Dat wier och net erlaabt.”
D’Walcampagne ass fir all Partei en Investissement
Eng Walcampagne ass e grousst Investissement, dat zu engem Deel – d’Walgesetz determinéiert d’Montanten – un d’Parteie rembourséiert gëtt. D’Indemnisatioun vun der Chamber kënnt, nodeems Facturen an de Beweis, datt bezuelt gouf, erageschéckt goufen. Wat eng Partei méi Deputéierter bei de Wale kritt, wat méi Sue rembourséiert ginn.

Déi grouss finanziell Verléierer sinn hei déi Gréng: krut een 2018 nach 220.000 Euro iwwerwisen, sinn et dëst Joer no de Walen nach maximal 90.000. E Minus vun 130.000 Euro.
Wien net selwer raumt, muss bezuelen
Déi eng Plakater ginn ewechgehäit, déi aner recycléiert. Dofir musse se awer och erofgeholl ginn. Bis Enn der Woch léist Ponts et Chaussées gewäerden, duerno ginn et Rappeller, respektiv Strofen, esou de Ralph Di Marco: “Mir si relativ kulant a waarde bis Enn der Woch. Duerno schécke mir e Rappell a wann dann d’Plakat nach ëmmer net ewechgeholl gëtt, dann maache mir dat, a stellen der Partei dat zur Rechnung.“
Dat kënne séier emol e puer honnert Euro ginn. Alt ze laang verschwanne se awer net. Well de 9 Juni 2024 si schonn déi nächste Walen: Déi fir d’Europaparlament.