Etüd vum LIHBis zu 88 Schuedstoffer an den Hoer vu Kanner zu Lëtzebuerg

Lynn Cruchten
De Luxembourg Institute of Health huet rezent d'Resultater vun enger Etüd publizéiert, fir déi d'Hoer vu Kanner zu Lëtzebuerg méi genee ënnersicht goufen.
Bis zu 88 Schuedstoffer an den Hoer vu Kanner zu Lëtzebuerg
De Luxembourg Institute of Health huet rezent d’Resultater vun enger Etüd publizéiert, fir déi d’Hoer vu Kanner zu Lëtzebuerg méi genee ënnersicht goufen.

Dobäi gouf festgestallt, dass sech ënner anerem d’Ernierung an d’Déierenhaltung op déi Jonk auswierken.

Etüd vum LIH / Reportage Lynn Cruchten

Eng 256 Kanner ënner 13 Joer hunn un der Etüd vum Lëtzebuerger Gesondheets-Institut LIH Deel geholl, andeems se ee klenge Putsch Hoer gespent hunn. D’Mesche goufen dunn am Labo zu Stroossen, vun der Fuerscherekipp ronderëm den Dr. Brice Appenzeller, op méi wéi 150 verschidde Substanze getest: “Ça inclut différents types de polluants, des pesticides, des polluants industriels. Et tout ça pour montrer l’exposition cumulé à toutes ses substances de manière simultanée des enfants.”

Op d’mannst 29 a bis zu 88 verschidde Schuedstoffer goufe pro Hoer-Mesch detektéiert. An der Moyenne konnt een der 61 pro Kand erëmfannen. Eng 30 ware quasi an alle Mesche present. Déi schiedlech Substanze wieren, wéi de Brice Appenzeller vum LIH erkläert, awer net äusserlech op den Hoer deposéiert ginn: “C’est que ça a été incorporé dans le cheveu par le sang en fait. Donc ce sont des substances, des polluants, qui étaient présents dans l’organisme de ces enfants. Une certaine partie de ces polluants sont par définition dangereux, puisque des pesticides sont développés pour être toxiques. Alors toxiques contre des mauvaises herbes, contre des insectes, contre des champignons, des choses comme ça. Mais en général ils sont bien entendu aussi toxiques pour les autres animaux et notamment pour les être-humains.”

Verschidde Substanze goufe bei deenen enge Kanner guer net oder wéineg nogewisen, bei aneren dogéint waren déi Wäerter deels 10.000 Mol méi héich: “Comme souvent en fait les substances, l’exposition, elle peut être multi sources, nous dans cette étude on a creusé bien sûr l’alimentation. Donc en collectant l’information dans des questionnaires, qui étaient rempli par les parents net en classant les enfants selon leur alimentation, ceux qui mangeaient du Bio et ceux qui avaient une nourriture conventionnelle. Et on montre que ceux qui ont une nourriture plutôt bio ont un niveau d’exposition, qui est significativement moins élevé que ceux qui ont une nourriture conventionnelle.”

Et huet sech bei der Etüd och erausgestallt, datt d’Wunngebitt Auswierkungen drop huet, wéi enge Schuedstoffer e Kand ausgesat ass. Dernieft spillt et eng Roll, ob een Hausdéiere besëtzt. A Stéit zum Beispill, wou Déiere mat Produite fir Parasitten ze bekämpfen traitéiert ginn, spigelt sech dat an den Hoer-Analysen erëm: “Les conclusions, ça sera d’essayer de comprendre un petit peu quelles sont les sources d’exposition. Bien les identifier pour pouvoir prendre des mesures et limiter cette exposition. Et derrière l’idéal ça sera de pouvoir prolonger ce type d’étude dans le temps. Partir sur une base plus longitudinale pour pouvoir vérifier déjà d’une part que les mesures, qui permettent de limiter l’exposition ont un effet. Et éventuellement suivre l’apparition de nouvelles substances auxquels les enfants pourront aussi être exposés.”

D’Fuerscherekipp vum LIH huet ënner anerem de Vertrieder vum Landwirtschaftsministère d’Resultater vun dëser Etüd virgestallt. Ëmmerhi wier et un der Politik an den Administratiounen, fir am Kampf géint Schuedstoffer Mesuren ze decidéieren. De Labo wier just dofir do, Donnéeën ze sammelen an ze dokumentéieren.

Back to Top
CIM LOGO