Op eise StroossenBlesséierter bei Accidenter um Mëttwoch an um Donneschdeg

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, huet et Mëttwoch den Owend an en Donneschdeg am Nomëtteg e puer Mol op eise Stroosse gerabbelt.
© CGDIS Archivbild

Am Pommerlach war géint 17.20 Auer en Donneschdeg den Owend en Auto an e Potto gerannt, kuerz virun 18 Auer ass e Motocyclist tëscht Allënster a Kéideng gefall a géint 18.40 Auer gouf et eng Kollisioun tëscht zwee Ween tëscht Maacher an dem Potaschbierg.

Allkéiers gouf eng Persoun verwonnt.

En Donneschdeg gouf dann nach en Auto a Flame gemellt. Dat eppes virun 10 Auer zu Esch.

Géint 15 Auer en Donneschdeg de Mëtteg gouf dann eng Persoun zu Ueschdref vun engem Auto ugestouss a verwonnt. De Samu an de Rettungshelikopter waren op der Plaz.

E weideren Accident gouf et da géint 16.20 Auer zu Kruuchten. Hei gouf eng Persoun blesséiert, wéi sech zwee Ween ze pake kruten.

Back to Top
CIM LOGO