CGDISBlesséierter bei Accidenter um Waldhaff a bei Kaalber

RTL Lëtzebuerg
3 Persoune goufen e Sonndeg bei de Virfäll blesséiert.
© RTL

De CGDIS mellt iwwerdeems 2 Verkéiersaccidenter, bei deene Persoune blesséiert goufen.

Géint 11.15 Auer ass tëscht der Tëntesmillen a Kaalber e Motocyclist gefall. An enger Lénkskéier huet hien d'Kontroll iwwert seng Maschinn verluer, ass an de Gruef geroden an iwwert d'Leitplank gefall. Hie koum blesséiert an d'Spidol.

Kuerz virun 12 sinn um Waldhaff 2 Autoen aneneegerannt. 2 Persoune goufe blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO