
Et ass eng Aktioun, wéi et se bis elo hei am Land nach net gouf. Fir d’éischte Kéier huet sech e Grupp vun Aktivisten zesummegedoen, fir e Stéck Bësch ze besetzen, dat soll verschwannen. Et geet ëm de Bobësch, deen tëschent Käerjeng a Suessem op enger Streck vu 4 Kilometer engem Contournement soll Plaz maachen.
Den Dossier huet schonn eng Rei Joren um Bockel. De Contournement soll d’Haaptstrooss zu Käerjeng entlaaschten, an där héich Stéckstoffwäerter festgestallt goufen. Allerdéngs wiere sech Ëmweltorganisatiounen zanter Joren dogéint, notamment well déi nei Strooss duerch eng Natura-2000-Zon soll goen. Ënnert anerem de Mouvement Ecologique an d’Biergerinitiative Gemeng Suessem hunn ewell versicht op juristeschem Plang géint de Projet virzegoen.
Zanter e Freideg ass elo eng nei Beweegung aktiv ginn - ënnert dem Slogan “Bobi Bleift” huet sech e Grupp vun Aktivisten am Bësch installéiert. Dës Zort vu Bëschbesetzunge kennt een ewell aus anere Länner, zu Tréier zum Beispill blockéieren d’Ëmweltaktiviste vu “Besch bleibt” zanter 2021 de Bësch fir den Ausbau vun der Autobunn, de sougenannte Moselaufstieg ze verhënneren.
Den “generatiounsiwwergräifende Kollektiv”, wéi de Grupp ronderëm Bobi Bleift sech selwer beschreift, fuerdert Mesure fir den Autosverkéier ze reduzéieren amplaz vun der neier Strooss. Mat méi Investissementer an den ëffentlechen Transport, Park and Riden, Elektromobilitéit an intelligent Luuchtesystemer kéint een dem Klimawandel besser entgéint steieren.
Doriwwer eraus géing ee sech fir e Stopp vun anere Stroosseprojeten a fir de Schutz vu sämtleche Bëscher asetzen, esou d’Ëmweltaktivisten an engem Schreiwes un d’Press. De Chantier vum Käerjenger Contournement huet bis ewell nach net ugefaangen. Et géing een esou laang wéi néideg bleiwen, sote Membere vun der Initiative op RTL-Nofro.