
Si betount, datt et méi wichteg wier, 20 Prozent vum abordabele Wunnraum sécher an ëffentlecher Hand ze hu wéi 30 Prozent ouni Garantie. Et géing ee soss riskéieren, an den ale System ze falen, bei deem Wunnengen, déi emol als abordabel deklaréiert goufen, no e puer Joer vum Marché verschwanne géingen.
D'Diskussioun soll net op de Prozentsaz reduzéiert ginn. Ech hu léiwer 20 Prozent garantéiert an der ëffentlecher Hand wéi 30 Prozent ouni Garantie. Well mer herno riskéieren, datt mer an den ale System falen. Géing bedeiten, datt déi Wunnengen, déi mol als abordabel deklaréiert goufen, no puer Joer um Marché verschwannen, an dono méi deier verkaaft ginn. Dee Risiko besteet, dofir hu mer elo hei mat engem Amendement an der Regierung nogebessert, fir datt mer déi Garantie kréien, datt d'Wunnengen an d'ëffentlech Hand kommen, a finanzéierbar bléiwen.
Duerch den Amendement wier eng automatesch Cessioun vu Terrainen un d’ëffentlech Hand festgehale ginn. Eng Garantie, wéi se bis elo net existéiert hätt. Dofir kann dann als Géigeleeschtung 10 Prozent méi op den Terraine gebaut ginn.
"De finanziellen Impakt duerch d'Kris wier net ze ignoréieren. Déi ëffentlech Finanze wieren ugeschloen. Sou géing e Risiko bestoen, datt d'Gemengen an de Staat, also d'ëffentlech Hand, d'Wunnengen herno net kafe kéinten", erkläert d’Taina Bofferding.
Wéinst der Konterpartie vu méi Baupotenzial muss d’ëffentlech Hand elo net méi fir den Terrain bezuelen, op deem abordabel Wunnenge gebaut ginn.
D’Diskussioun eleng op de Prozentsaz vun den abordabele Wunnengen ze reduzéieren, géing beim Thema ze kuerz gräifen, fënnt d’Ministesch.
D’Oppositioun hat kritiséiert, datt een dem Drock vun de Promoteuren an der der DP noginn hätt. Duerch den Amendement géing et zu enger Verschlechterung vum Wunnengsbaupakt kommen, well esou manner abordabel Wunnenge geschaaft géinge ginn.
Dat äntwert de Logementsministère dem LSAP-Deputéierten a Parteichef Yves Cruchten.
Et wier awer normal, datt ëmmer eng gewëss Unzuel u Logementer net occupéiert sinn. Aktuell gëtt dës sougenannt Réserve de fluidité op 6% geschat, wat ronn 15.000 Logementer wieren.
E Modell wéi an der belscher Wallonie, wou op Basis vum Stroum- a Waasserverbrauch gekuckt gëtt, ob e Logement effektiv bewunnt ass, géing eng Rei Problemer mat sech bréngen. An enger Residence géif et zum Beispill dacks just ee Compteur ginn. Da géingen et beim Stroum zum Beispill méi Acteure ginn an och verschidde Facturatiouns-Systemer. Op alle Fall hätt d'Regierung dës Piste analyséiert an net zeréckbehalen.
Zënter dem Pacte Logement vun 2008 hätten d'Gemenge jo och d'Méiglechkeet vun enger Tax op eidele Logementer.
8 Gemenge hu sou eng Tax ëmgesat: Biekerech, Bettenduerf, Dikrech, Esch, Esch-Sauer, Réiden, Réiser a Wanseler.
Just zwou Gemengen hätten awer och tatsächlech eng Steier erhuewen, dorënner Biekerech, mat positiven Auswierkungen op d'Logements-Situatioun.
RTL-News: Méi abordabele Wunnraum: Oppositioun fënnt, de Pacte Logement 2.0 wier ofgeschwächt ginn