CGDISBrand am Vestiaire vun der Sportshal zu Waldbëlleg

RTL Lëtzebuerg
Géint 19.40 Auer gouf et e klengen Brand an engem Vestiaire an der Sportshal zu Waldbëlleg.
© RTL-Archiv

Et ass kengem eppes geschitt, mä op der Plaz waren ënner anerem d'Asazzentere vu Konsdref, Iermsdref, Jonglënster, Miedernach a Waldbëlleg.

Keng Blesséierter och bei engem Kichebrand um 20.55 Auer zu Hoen um Flouer.

An der Nuecht op e Samschdeg um 1.30 Auer dann hat et zu Diddeleng an der Zoufftgener Strooss geknuppt. 2 Autoen hate sech ze pake kritt. Et gouf ee méi liicht Blesséierten.

Och bei engem Accident um 2.45 Auer zu Dikrech an der Avenue de la Gare gouf eng Persoun méi liicht verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO