
Op der Plaz waren eng Rëtsch Police-Patrullen a Pompjeesween vu véier verschiddenen Corpsen.
Iwwerdeem mellt den 112 e weideren Auto, deen um Méindeg gebrannt huet. Géint 13.30 Auer stoung en Auto tëscht Roumecht a Maartel a Brand. Et ass awer beim Materialschued bliwwen.
Géint 15.20 Auer goufen zu Réimech zwou Persoune blesséiert, wéi e Motorradsfuerer mat sengem Gefier gefall ass. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vu Réimech.