
Beim Feier zu Esch gouf eng Persoun verwonnt. Méi Detailer sinn net gewosst. Nieft den Escher Pompjeeë war och den Zenter vu Monnerech mat am Asaz.
Um Freidegmoien huet zu Mënsbech ee Container gebrannt. Kengem ass hei eppes geschitt. D’Zentere vun Nidderaanwen a vu Kanech, souwéi Rettungsween aus der Stad am Asaz.
Kuerz virun 8 Auer gouf et zu Dikrech an der Avenue de la Gare en Accident. D’Pompjeeën an d’Rettungsween aus dem Zenter Nordstad waren op der Plaz. Donieft war och de SAMU vun Ettelbréck am Asaz. Hei gouf et ee Blesséierten.
Géint 11 Auer waren dann och tëscht der Éimeschbaach an dem Antoniushaff 2 Autoen net laanschtenee komm. D’Pompjeeë vu Wëntger an d’Rettungsween aus der Nordstad waren am Asaz. Och hei ass eng Persoun verwonnt ginn.