
Op der Plaz war d'Feier an engem vun den Zëmmer lokaliséiert ginn, wärend op der ieweschter Etage schonn dichten Damp war. Bei der Kontroll ob sech Persounen am Gebai géife befannen, konnt e staarkt alkoholiséierte Mann ugetraff ginn, deen d'Gefor op der Plaz net matkrut hat. Eréischt nodeems d'Police hien e puer Mol opgefuerdert huet d'Haus ze verloossen, ass de Mann der Opfuerderung nogaangen. Hie koum zur Kontroll an d'Spidol.
D'Persounekontroll huet erginn, datt de Mann wéinst illegalem Openthalt signaliséiert gi war. Doropshin gouf eng Enquête lancéiert.
Géint 16 Auer haten d'Pompjeeën de Brand geläscht. Well eng Brandstëftung net ausgeschloss konnt ginn, ass d'Section enquêtes spécialisées vum Parquet informéiert ginn.