5 Accidenter mat 5 BlesséierterBrand vu Bus, Chute vu Cyclist an 3 Kollisioune vun 2 Autoen

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch ass et zu enger ganzer Partie vun Accidenter komm. Op der Escher Autobunn krute sech um 15.23 Auer 2 Ween ze paken. 2 Leit goufe verwonnt.

Um 12.24 Auer huet zu Käerjeng am Boulevard John F Kennedy ee Bus gebrannt. Et blouf beim Materialschued.

Kuerz no 14 Auer huet et op der Diddelenger Autobunn tëscht dem Rond-Point Gluck an dem Gaasperecher Kräiz tëscht 2 Autoe geknuppt. Eng Persoun gouf verwonnt.

Um 14.37 Auer war et an der Iechternacher Strooss zu Dummeldeng och 2 Gefierer, déi aneneegerannt sinn. Och hei ass eng Persoun blesséiert ginn.

Um Enn war et um 15.48 Auer zu Kënzeg ee Cyclist, deen eng Chute gemaach huet. Hie gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO