D'Gespär vun engem Bauerenhaff ass komplett ofgebrannt. Et koum zu enger zolitter Dampentwécklung. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vum Stauséi, vu Bauschelt, Klierf a Wolz.
Wéi de CGDIS mellt, wier keng Persoun zu Schued komm. Ronn 50 Pompjeeë waren domat beschäftegt, de Brand ze läschen. En Iwwergräife konnt verhënnert ginn.
Och zu Nidderaanwen waren d'Pompjeeë geruff ginn. Hei hat an der rue Henri Tudor allerdéngs just e Pneu gebrannt.