
De Mann hat e Samschdeg de Mëtteg probéiert e puer Fläschen Alkohol laanscht d'Kees ze schmuggelen. D'Sécherheetsleit hunn hie gestallt an d'Police geruff.
Den Onéierlechen hat scho kuerz virdrun eng Fläsch Alkohol op enger Bensinsstatioun zu Dikrech matgoe gelooss.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.