
E Freideg den Owend géint 19:15 Auer gouf an en Haus an der Rue des Aubépines an der Stad agebrach. Eng gliesen Dier, déi op Kipp stoung, war d'Entréesméiglechkeet fir déi Onéierlech.
Nëmmen e puer Stonne méi spéit gouf versicht an d'Nopeschhaus anzebriechen. D'Police huet direkt no de Brigange gesicht, allerdéngs ouni Succès bis elo.
Am Zäitraum tëscht 18:50 an 20:50 Auer gouf an eng Wunneng an der Rue Saint Willibrord zu Bouneweg agebrach. Eng Fënster gouf opgehiewelt, fir Zougang zu der Wunneng um Rez-de-chaussée ze kréien. D'Spueresécherung ass op d'Plaz geschéckt ginn.