
Wéi et heescht, wieren déi 2 Ugräifer geflücht an déi alarméiert Police huet eng Sichaktioun lancéiert. Déi war fir d’éischt emol negativ, béid Brigange konnten awer kuerz drop ugetraff ginn. Do ware si grad amgaangen, engem neien Affer opzelaueren.
Wéi déi zwee d’Beamten erbléckst hunn, hu si sech nees wollten ewechmaachen. Ee vun hinne konnt vun de Poliziste gestallt ginn. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Freideg de Moie scho virun den Untersuchungsriichter.
Weider Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.