GesondheetsministèreBronchiolite bleift akute gesondheetleche Problem bei Puppelcher a Kanner

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Zuele beleeën, goufen zanter Ugangs Oktober ewell 253 Kanner an der Kannerklinik wéinst dëser viraler Infektiounskrankheet hospitaliséiert.
© RTL Archiv

Do derbäi komme ronn 400 Kanner, déi vu Pediateren an der Kannerklinik gesi goufen, mee net hu missten am Spidol bleiwen. Am CHL funktionéiert duerfir och aktuell eng Krise-Cellule, och goufen 8 supplementär stationär Better fir d’Kannerklinik autoriséiert.

Fir all weider Informatiounen iwwer d’Bronchiolite grad wéi och d’Hygiènesmesuren, déi et gëllt an ze halen, verweist d’Ministesch Paulette Lenert op eng speziell dediéiert Rubrik um online Site vun der Santé.

Dës Nouvelle liwwert d’Gesondheetsministesch op Basis vun enger parlamentarescher Fro vum CSV Deputéierte Max Hengel.

Back to Top
CIM LOGO