
Nëmmen nach ee Member aus dem aktuelle Gemengerot war nach ee mol ugetrueden, de Schäffen Robi Beissel. Den aktuelle Buergermeeschter Marco Albert sot eis op Nofro, hien hätt scho virun 3 Joer decidéiert, nëmmen nach säi Mandat fäerdeg ze maachen an hätt dat och de Bierger matgedeelt. Hie wier scho laang genuch aktiv gewiescht a wéilt Plaz fir nei Leit maachen. Och d’CSV-Deputéiert an aktuell Conseillère Octavie Modert ass an Zukunft net méi am neie Gemengerot.
Yves ZOLVER