
D’Gemeng deelt net mat, wien neie Buergermeeschter gëtt, mä schreift, de geneeën Zäitpunkt vun der Demissioun géing no Récksprooch mam Schäfferot matgedeelt ginn. Rouspert a Mompech haten 2016 fusionéiert. Bei de leschte Gemengewalen 2017 war de Patrick Hierthes Zweetgewielten an der Sektioun Rouspert. Hien ass aktuell zweete Schäffen. An der Sektioun Mompech hat d’Stephanie Weydert am meeschte Stëmme kritt. Si ass éischte Schäffen.