Grouss Dampwollek iwwer DikrechUm Fridhaff huet en Donneschdeg e Bus gebrannt

Andy Brücker
Pompjeeën Nordstad an Angelduerf goufe wéinst engem Busbrand en Donneschdeg am fréien Owend an den Asaz geruff.
Vum verbrannte Bus war net méi vill iwwreg.
De Brand vum Bus hat nawell fir eng gréisser Dampwollek iwwert dem Fridhaff an Dikrech gesuergt.
© Domingos Oliveira

Am Feierowendtrafic en Donneschdeg huet den ACL gemellt, dass um Fridhaff bei Dikrech e Bus géif brennen. De CGDIS deelt dann och mat, dass dat géint 17:25 Auer de Fall war. Detailer ginn net genannt, ausser dass d'Pompjeeë vun Angelduerf an aus der Nordstad op d'Plaz geruff goufen, fir ze läschen. Och eng Ambulanz war op der Plaz, woubäi awer zum Gléck kee blesséiert gouf.

En RTL Mobile Reporter hat eis eng Foto geschéckt vun enger grousser Dampwollek iwwer Dikrech, mat der Informatioun, dass de Brand op engem Busdepot um Fridhaff war. Do hu mer dann um Freideg de Moien och de verbrannte Bus fonnt.

Iwwert der Industriezon um Fridhaff war en Donneschdeg géint 17:20 Auer eng grouss Dampwollek ze gesinn.
© RTL Mobile Reporter

Back to Top
CIM LOGO