CGDIS-BulletinBus zu Réiden un der Atert a Container geknuppt

RTL Lëtzebuerg
Den 112 mellt en Donneschdeg véier Accidenter uechtert d'Land mat jeeweils engem Blesséierten. D'Police mellt dann nach en Tëschefall mat engem Tram.
© Domingos Oliveira / RTL

Géint 14.41 Auer ass zu Réiden un der Atert e Bus säitlech widder e Container geknuppt. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert, déi vun den Ambulancieren aus der Nordstad versuergt gouf. Donieft waren d’Pompjeeë vu Réiden op der Plaz am Asaz. D’Strooss war fir d’Dauer vun den Opraumaarbechten deels blockéiert. RTL Informatiounen no sollen 3 Passagéier nieft dem Buschauffer am Bus gewiescht sinn.

Donieft mellt de CGDIS zwee Autoen, déi sech iwwerschloen hunn. Beim Accident zu Käerch, grad ewéi zu Koler gouf jeeweils eng Persoun blesséiert. Am Asaz waren zu Käerch d’Rettungsdéngschter vu Mamer, Stengefort - zu Koler waren et d’Ambulanciere vu Péiteng an d’Pompjeeë vu Koler.

En Donneschdeg de Mëtteg géint 15.30 Auer goufen d’Rettungsdéngschter vu Réimech a vu Sandweiler op en Asaz geruff, wéi sech zwee Ween zu Sandweiler ze pake kruten. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.

En Donneschdeg de Moie géint 10 Auer ass um Boulevard Royal an der Stad eng Foussgängerin vun engem Tram erfaasst ginn, wéi dëse grad fortgefuer ass. Si gouf blesséiert an huet mussen an d’Spidol bruecht gin.

Back to Top
CIM LOGO