
Den Tribunal administratif huet der Fra hire Recours en réformation nämlech als justifizéiert ugesinn an dowéinst eng Decisioun vum TICE-Comité vu Juli 2017 annuléiert. Duerch dee war déi definitiv Nominatioun vun der Fra refuséiert ginn.
Si hat am August 2012 en CDD als Buschauffer kritt fir d'Zäit vun Ufank September 2012 bis Enn August 2013. De Comité vum TICE hat deen CDD am Oktober 2012 ratifizéiert an den Inneminister déi Decisioun am November guttgeheescht.
Am Januar 2013 hat den TICE-Comité decidéiert, d'Fra provisoresch als Buschauffer am Statut vum Fonctionnaire anzestellen. Dee Provisorium gouf am Februar 2015 fir en halleft Joer verlängert, bis Enn Juli vun deem Joer. D'Fra hat zwar am November 2014 hiren definitiven Exame gepackt, ma et waren an der Tëschenzäit Reklamatiounen erakomm, wat hiert Behuelen ugoung, soudass de Comité vum TICE am Mäerz 2015 entscheet hat, dass d'Fra vun Enn Abrëll 2015 un ofgesat wär.
Si hat e Kënnegungs-Schreiwes an deem Sënn geschéckt kritt. Obwuel sech den Inneminister där Decisioun am Abrëll 2015 widdersat hat, war den TICE-Comité am Juni 2015 bei senger Entscheedung bliwwen. D'Fra hat am Juli vun deem Joer och en entspriechenden ageschriwwene Bréif kritt. Si war am Juni schonn dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen an den Tribunal administratif hat am Oktober 2016 ewell déi Decisioun vum TICE annuléiert.
Nawell hat deem säi Comité am Februar 2017 decidéiert, d'Fra mat Effet op den 1. Abrëll vun deem Joer ofzesetzen an am Juli 2017 entscheet, hir definitiv Nominatioun ze refuséieren. D'Fra hat am August 2017 e Bréif an deem Sënn kritt, wouropshi si am Oktober 2017 nees d'Verwaltungsgeriicht saiséiert hat. Deem seng 1. Riichter halen an hirem Uerteel fest, dass d'Fra vu Februar 2015 un als Gemengebeamte bezuelt gouf. Den TICE hätt zwar vergiess, si Fonctionnaire communal ze nennen, ma d'Fra hätt dee Statut awer. Dofir wär de Refus vu Juli 2017, fir d'Fra definitiv ze nennen, z'annuléieren.