Komplett zoumaachenCafésbesëtzer a Restaurateure maache sech Suergen

RTL Lëtzebuerg
Mussen d'Caféen an d'Restauranten och komplett zoumaachen, sou wéi dat an der Belsch an a Frankräich de Fall ass?

D'Cafésbesëtzer an d'Restaurateure maache sech Suergen, datt se wéinst dem Coronavirus geschwënn och musse komplett zoumaachen, sou wéi dat an der Belsch an a Frankräich de Fall ass.

"Keng Panik", sot de Mëttelstandsminister Lex Delles e Freideg. Op Nofro hi sot hien, hie géing d’Suerge vun de Cafetieren a Restaurateure verstoen, mä um aktuelle Stand wieren d'Krittären net erfëllt, fir mussen esou eng Decisioun ze huelen. Wéi eng Krittären dat wieren, do huet de Minister op d’Krise-Cellule higewisen.

D'Stater Buergermeeschtesch huet e Freideg de Mëtteg och matgedeelt, dass vun e Samschdeg u keng Nuits Blanches méi ofgehalen dierfe ginn. Donieft dierfen och a Restauranten, Baren an Diskoen net méi wéi 100 Leit pro Raum hunn.

An engem Schreiwes huet d'Horesca e puer Fuerderungen un déi zoustänneg Autoritéite gestallt.

Back to Top
CIM LOGO