D’Gefier ass matten op der Strooss d’Affer vun de Flame ginn. D’Streck gouf a béid Richtunge fir den Trafic gespaart, wouduerch et op där Plaz natierlech zu gréissere Perturbatiounen am Trafic koum.
De Camion huet 220 bis 250 Pneue gelueden a war ënnerwee aus der Belsch a Richtung Colmer-Bierg. Géint 16.30 Auer war de Brand ënner Kontroll.
Fir de Brand ze läschen, goufen d’Pompjeeë vu Feelen, Angelduerf, Viichten an aus der Nordstad an den Asaz geschéckt.
Um Freideg de Moie war et d’Meldung, dass d’Streck nach bis 13 Auer gespaart misst ginn, dat wéinst Botz- an Opraumaarbechten.