Tëscht dem Kierchbierg an dem SennengerbiergCamion an der Mëtt duerch d'Leitplanken

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg an der Mëttesstonn koum et op der A1 tëscht dem Kierchbierg an dem Sennengerbierg zu engem méi uergen Accident.
Accident op der A1: Camion an der Mëtt duerch d'Leitplanken
Op der Héicht vun der Sortie Kierchbierg hat e Camionneur, deen a Richtung Stad ënnerwee war, d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer, nodeem him e Pneu geplatzt w

Op der Héicht vun der Sortie Kierchbierg hat e Camionneur, deen a Richtung Stad ënnerwee war, d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer, nodeem him e Pneu geplatzt war. De Camion krut de Potto vun engem Autobunnsschëld esou wéi och vun enger Luucht ze paken an ass och an der Mëtt duerch d’Leitplanke gaangen.

De Chauffer gouf bei dësem Accident liicht blesséiert. Wéinst dem Accident hat d’Streck a Richtung Stad tëscht der Sortie Cargocenter an der Jonctioun Gréngewald misse komplett gespaart ginn. Am Laf vum Owend sinn nees zwou Spueren opgaangen. D’Iwwerhuelspuer bleift bis e Mëttwoch gespaart, well d’Leitplanke musse gefléckt ginn.

A Richtung Tréier ass d’Iwwerhuelspuer en Dënschdeg den Owend nees fir de Verkéier opgaangen, sou datt do nees déi zwou Spuere fräi sinn.

Wéinst dem Accident hat et en Dënschdeg massiv gestaut, dat net nëmmen op der A1, mä och op den Deviatiounsstrecken.

Am Laf vum Dënschdeg gouf et weider Accidenter op eise Stroossen. Géint 11.20 Auer ass een Auto tëscht Koplescht an dem Katrewang accidentéiert. Eng Persoun gouf blesséiert.

Op der Stater Gare gouf et kuerz virun 12 Auer eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto. Och hei gouf et ee Blesséierten.

An dann huet sech nach eng Persoun blesséiert, wéi tëscht Elweng a Munneref een Auto an e Moto net laanschtenee komm sinn.

Back to Top
CIM LOGO