
Wéi de CGDIS a sengem Rapport matdeelt, gouf bei dem Virfall eng Persoun blesséiert. Eng Ambulanz aus der Stad, genee wéi d’Secouriste vun Nidderaanwen a Mensder waren op der Plaz.
An der Rue du Luxembourg zu Stengefort koum et iwwerdeems ëm 10 Auer zu enger Kollisioun tëscht engem Bus an engem Camion. Och hei gouf eng Persoun blesséiert, eng Ambulanz vu Réiden op der Atert war do.