Streck geraumtCamion op der N32 iwwert dem Echangeur Déifferdeng accidentéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt en Accident mat engem Camion am Rond-point iwwert dem Echangeur Déifferdeng vun der A13 a Richtung Péiteng.

Dowéinst waren och d’Ausfaarten Déifferdeng a Richtung Péiteng an d’N32 vum Rond-point Z.I. um Woeller bis de Rond-point Gadderscheier gespaart. D’Streck ass e géint M

De CGDIS mellt e Mëttwoch de Moien eng Partie Blesséierter bei Accidenter uechter d’Land. Ënnert anerem zu Esch, zu Bouneweg an zu Munneref.

Géint 17 Auer en Dënschdeg den Owend kruten en Auto an e Moto sech am Rond-point Raemerich ze paken. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vun Esch versuergt.

Kuerz virun 18 Auer goufen d’Rettungsdéngschter aus der Stad op en Asaz an der Rue du Cimetière zu Bouneweg geruff. Hei war e Motocyclist mat sengem Gefier gefall a blesséiert ginn.

Zu enger weiderer Kollisioun ass et kuerz no 18 Auer an der Avenue Frantz-Clement zu Munneref. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Ambulanciere vu Réimech, grad ewéi d’Pompjeeë vu Réimech a vu Munneref waren op der Plaz.

E weidere Blesséierte gouf et um CR306 tëscht Biissen a Pëtten, wéi en Auto an e Bam gerannt ass. Am Asaz waren d’Rettungsdéngschter aus der Nordstad, vu Biissen, Colmer-Schieren an de SAMU vun Ettelbréck.

Back to Top
CIM LOGO