
E Camion huet an der Rue de l'Église an enger Lénkskéier en Deel vu senger Charge verluer... an dat waren nun emol Béiercageoten. Honnerte Fläsche sinn zu Broch gaangen an hu sech um Trottoir an der Strooss verdeelt.
De Service technique vun der Käerjenger Gemeng an d'Pompjeeë waren op der Plaz, fir ze botzen. D'Police war do fir den Trafic ze reegelen.