
Hien ass an de Gruef geroden a krut dunn e Bam frontal ze paken. De Camion huet nawell en zolitte Schued dovugedroen, ma de Chauffer schéint éischten Informatiounen no net blesséiert ginn ze sinn.
Ponts et chaussées sinn op d’Plaz geruff ginn, fir d’Strooss ze botzen.
De CGDIS mellt iwwerdeems zu Diddeleng an der Route de Thionville eng Kollisioun tëscht zwee Gefierer en Dënschdeg géint 15.40 Auer mat engem Blesséierten. Am Asaz waren hei d’Rettungsdéngschter vun Diddeleng.