Val des Bons-MaladesCamionschauffer kënnt net duerch den Tunnel - Strooss ass gespaart

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am Nomëtteg huet e Camionschauffer um Val des Bons-Malades d'Beschëlderung wuel net beuecht, wéi hie virun engem Tunnel stoe bleiwe misst.
© Domingos Oliveira

De Grond: Säi Camion war fir d'2,5-Meter-Limit, fir an den Tunnel a Richtung Pafendall, ze héich. D’Police huet d’Strooss gespaart. Eng Léisung fir de Camion muss lo fonnt ginn, warscheinlech muss en hannerzeg zeréck op de Kierchbierg.

Back to Top
CIM LOGO