
Fir d'Famill de finanzielle Bankrott, wann ee bedenkt, dass hire Camping och ënnert der Corona-Kris gelidden huet. De Camping zoumaachen oder verkafen, war aus perséinlechen a finanzielle Grënn fir si net méiglech. D’Famill huet also d’Decisioun getraff, op en Neits d’Subventioune fir Betraffener vun Iwwerschwemmungen unzefroen an de Camping rëm opzebauen.
D’Autorisatioun vun der Gemeng hätt een, esou d’Famill Spaus an och d'Firma fir d’Aarbechte war prett. Samschdeg, de 16. Oktober goung et du mat den Aarbechte lass. Zwee Deeg méi spéit déi béis Iwwerraschung. Den Ëmweltministère huet de Bau gestoppt, dat well d’Famill keng Bau-Autorisatioun beim Ministère ugefrot huet.
Wéi et elo ëm d'Famill an de Camping steet, kënnt Dir hei am Reportage kucken:
Wéi et elo virugeet, hu mir beim Ëmweltministère nogefrot. En offizielle Statement soll deemnächst kommen. Fir d'Famill Spaus ass awer sécher: Wa si net geschwënn eng Autorisatioun kréien, da fält fir hire Camping och fir d'Touristesaison 2022 an d'Waasser.