SantéskommissiounCannabis, Pandemie an Penurie am Gesondheetssecteur ginn diskutéiert

Roy Grotz
Den Dossier vun der Cannabis-Legaliséierung steet an der Santéskommissioun vun der Chamber um nächsten Ordre du Jour.
© afp

Uerg krank Leit, déi zum Beispill Doheem mat Sauerstoff traitéiert ginn, sollen an Zukunft dat néidegt Material och kënnen Heem bruecht kréien. Domat géif den Deplacement a Spidols-Apdikten entfalen.

Dat gesäit en Gesetzesprojet fir, deen an der Santéskommissioun vun der Chamber diskutéiert gouf.

Am November ass iwwerdeem an der Chamber eng Orientéierungsdebatt iwwert d'Léieren, déi een op medezineschem a sanitären Niveau aus der Covid-Pandemie kann zéien.

An enger anerer Orientéierungsdebatt geet et iwwerdeem ëm déi weider Entwécklungen an der Gesondheetspolitik. Am Virfeld gëtt en Hearing organiséiert, wou et em d'Penurie vu Spidolspersonal geet.

Och iwwert d'Legaliséiere vum Cannabis geet weider an der Chamberkommissioun Rieds, schonn an der nächster Reunioun ass dëse Punkt um Ordre du Jour.

Back to Top
CIM LOGO