D'Woch op RTLCargo ouni Luxair, Box erof an der Kierch a Party um Séi

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Kee Respekt méi fir d’Police
Zwee Poliziste gi verdächtegt Drogen- a Medikamentenhandel bedriwwen ze hunn. Iwwerdeems seet d’Marlène Negrini vun der Policegewerkschaft, dass eng Policeuniform haut näischt méi wäert wier an et vis-à-vis vun der Police u Respekt feelt.

Luxair zitt sech zeréck
Luxair ass net méi um Bedreiwe vum Cargozenter interesséiert. Nieft der Cargolux sinn zwou weider Gesellschaften interesséiert ze iwwerhuelen.

An den USA huet et geknuppt
Dräi Mënsche si bei engem Accident tëscht zwee Läsch-Helikopteren ëm d’Liewe komm. Am Kampf géint Bëschbränn a Kalifornien sinn zwee Helikoptere kollidéiert. Ee vun hinne konnt nach sécher landen.

En Abléck hannert Kulissen
Rumeuren iwwert Drogen, Gewalt a sexuell Affären am CSEE zirkuléieren zënter Joren. Dës Rumeure goufe mat Hëllef vu verschiddene Bléckwénkel analyséiert.

Refuséiert ouni Begrënnung
E Lëtzebuerger Tourist gouf bei der Douane-Kontroll an der Tierkei festgeholl. Och beim zweete Versuch gëtt en ouni Remboursement vu senger Rees zeréck geschéckt.

Folter oder einfach just mat der Fleeg onzefridden?
Eng Fra huet d’Police geruff a behaapt si wier 12 Joer vun hirem Mann festgehale gi sinn. De Parquet ass hei awer net esou iwwerzeegt. D’Enquête leeft.

Ausfluch am Weltall
En Donneschdeg ass den éischten Zivilfluch an de Weltraum gestart. Déi 3 Passagéier ware knapp fënnef Minutten am All, du war d’Aventure schonn eriwwer. Den Ticket huet ronn 450 Dausend Dollar kascht.

Plakeg an der Kierch
Leschte Weekend haten e puer Leit ze déif an d’Glas gekuckt. Sou goung et uganks der Woch och zwee Hären um Belair. Wéi si vun der Police fortgelaf sinn, ass een an d’Kierch geflücht an huet do kuerzerhand d’Box erofgezunn. Wisou en der Kierch de Pupes weise wollt, ass net gewosst.

Party um Iechternacher Séi
Dëse Weekend gouf zu Iechternach um e-Lake Festival rëm gutt gefeiert.

Keng Chance fir d’Favoritten
D’Frae Futtball-WM suergt fir Iwwerraschungen. D’Favoritten USA, Däitschland a Brasilien si schonn eliminéiert ginn. Fannt hei weider News.

Back to Top
CIM LOGO