Kleng Entschiedegung fir Lëtzebuerger TouristZweemol heemgeschéckt: Arees an d'Tierkei leider net méiglech

Tim Morizet
E Lëtzebuerger Tourist wollt mat senger Frëndin a Kand an d'Tierkei reesen an d‘Land kenneléieren.
Zweemol heemgeschéckt: Arees an d‘Tierkei leider net méiglech
E Lëtzebuerger Tourist wollt mat senger Fra a Kand an d‘Tierkei reesen an d‘Land kenneléieren.

Amplaz gouf en innerhalb vun 3 Deeg 2 mol um Flughafen festgehalen an heemgeschéckt. “Mat der Tierkei hat ech bis ewell näischt um Hutt,“ erkläert den David Piatek. No senge Summervakanzen an Tunesien an Ägypten déi leschte Joren huet de 46 Joer ale Mann decidéiert, mat senger Famill dëst Joer an d’Tierkei ze fléien. Eng gutt Woch sollt am Resort Luxiclub Paloma Grida Sonn getankt ginn.

Ma d’Rees kënnt op en Enn, ier datt se richteg ugefaangen huet. E Méindeg virun enger Woch lant de Vol kuerz no hallwer 11 vu Lëtzebuerg zu Antalya.

Et ass eng weider lass op der Grenzkontroll. Typesch fir eng Summervakanz. „Beim Passage duerch Douane koum meng Frëndin an hire Fils ouni Problem duerch,“ esou den David Piatek. „Direkt duerno weisen ech mäi gültege Pass. Deen Ament, wou hire System eng Foto vu mir hëlt, gëtt den Ecran vum Douanier bemol rout.“

Verhéiert an Handy kontrolléiert

Kuerz drop gëtt de Mann, deen an der Restauratioun schafft an de Police-Büro um Flughafe bruecht a gëtt verhéiert. „Ech kooperéieren natierlech. Ech hunn näischt ze verstoppen an d‘Poliziste maache jo just hir Aarbecht.“ Du gouf den Handy kontrolléiert. D‘Polizisten drécken en onbekannte Code an den Handy – deen entspäert sech. Si ginn duerch d‘Telefonsnummeren op der Sim-Kaart. Eng Rëtsch Nummere ginn notéiert. „Ouni Explikatioune vun hirer Säit. Ech krut déi ganzen Zäiten net gesot, ëm wat et géing goen,“ bedauert den Här Piatek.

Schlussendlech gëtt dem Tourist matgedeelt, datt hien net areesen dierf – ouni awer e Grond ze nennen. Aplaz am Hotelszëmmer, dat hien iwwert eng Reesagence gebucht huet, sëtzt hien e puer Stonne méi spéit nees am Fliger fir heem: „Meng Frëndin a säi Fils ware schockéiert. Se hunn d‘Welt net méi verstanen.“ Genau wéi den Här Piatek. Hien hätt sech ni politesch iwwert d’Tierkei matgedeelt. Näischt Kritesches iwwert de Staatspresident Recep Tayyip Erdogan op de soziale Reseaue gepost. Am Land selwer géif hien och kee kennen an hätt emol keng Zäit gehat, mat iergendenger Persoun op der Plaz a Kontakt ze trieden, fir zum Beispill eng Tour ze buchen. „Ech probéieren am Kapp allméiglech Zenarioen duerchzegoen, déi déi ganz Geschicht kéinten erklären. Hunn ech duerch d’Aarbecht mat enger falscher Persoun geschwat? Zirkuléiert iergendwou eng Foto vu mir an der Tierkei? Huet iergendeen, deen ewéi ech ausgesäit, eppes Schlëmmes verbrach?“

Och beim zweeten Ulaf keng Chance

Zeréck zu Lëtzebuerg geet den David Piatek direkt op déi tierkesch Ambassade zu Lëtzebuerg. Hei gëtt hie frëndlech gebieden, nees Heem ze goen: „Ech war nach 3 Mol zeréck. Awer ouni Succès. Et wollt kee mat mir schwätzen. Kee mech gesinn. Ech géif ugeruff kréien.“

Nodeems de Lëtzebuerger Kontakt mat der Lëtzebuerger Ambassade opgeholl huet, kritt hie proposéiert, nach emol zeréck op Antalya ze fléien. De Vol vum Findel start den 2 August. Bei der Arrivée sollt den David Piatek sech direkt mellen, sollt et nees zu Problemer kommen. Assistance géif direkt op d‘Plaz kommen.

Op en Neits gëtt den Tourist um Wee fir bei d‘Frëndin a Fils bei der Douane-Kontroll um Flughafe festgeholl. Op Nofro vun der Ambassade beim zoustännege tierkesche Ministère heescht et, den David Piatek hätt e komplett Arees-Verbuet an d’Tierkei. Et wier eng méi “komplizéiert“ Geschicht. „Se wollte mer awer keng Explikatioune ginn. Ech war nach ni an der Tierkei virun deem 31. Juli 2023,“ esou de Betraffenen ouni Versteesdemech. Der Lëtzebuerger Ambassade waren d’Hänn gebonnen. De Vol geet kuerz drop alt nees zeréck op Lëtzebuerg.

Tierkesch Ambassade schwätzt vun vereenzelte Fäll

Op RTL-Nofro hin heescht et bei der tierkescher Ambassade zu Lëtzebuerg, datt Auslänner aus Sécherheetsgrënn d’Arees refuséiert kéinte kréien. Wat awer remarkabel ass ass, datt e Bierger, bei deem d‘Tierkei net eng Kéier a senger Biographie optaucht, d’Entrée an d’Land refuséiert kritt.

Déi tierkesch Ambassade deelt an engem schrëftleche Statement mat: „Nëmme well eng Persoun bis ewell net an der Tierkei war, bedeit dat net, datt dës Persoun d‘Tierkei iergendwann betrieden däerf. Dat ass och de Fall fir EU-Länner, wou tierkesch Matbierger trotz valabelem Visa net an d‘EU eragelooss ginn.“

Déi concernéiert Persoun hätt e Rapport kritt, an deem se als inadmissibel deklaréiert gëtt. A Realitéit awer ass dat manner e Rapport a méi en Ziedel mat enger Ofweisung - ouni konkret Begrënnung.

Refusen ouni Begrënnung komme méi dacks vir

D’Ambassade huet an deem Fall eng schrëftlech Demande gemaach, fir weider Informatiounen ze kréien. Déi betraffe Persoun krut recommandéiert sech un déi tierkesch Ambassade zu Lëtzebuerg ze wannen – gëtt hei aktuell awer ignoréiert.

D‘Tierkei ass eng beléifte Vakanzen-Destinatioun fir Lëtzebuerger mat ronn 15.000 Visiteuren d‘Joer. Zanter dem Putschversuch am Juli 2016 ginn d‘Grenzen an der Tierkei méi staark kontrolléiert. Ëmmer nees liest een online vu Refusen ouni eng konkret Begrënnung fir déi Concernéiert. Dem Ausseministère no sinn esou Fäll bei Lëtzebuerger rezent awer net bekannt. Déi tierkesch Autoritéite mussen awer och net esou e Fall zu Lëtzebuerg mellen.

Fir den David Piatek heescht dat konkret keng Summervakanz. Well hien op der Grenz zeréckgewise gouf, huet hien offiziell kee Recht op e Remboursement vu senger Rees. Seng Frëndin an de Fils waren nach e puer Deeg sur place, hu sech awer decidéiert, och wéinst dem Zodi éischter heemzekommen. D’Enttäuschung sëtzt – bei jiddwerengem - déif.

Mini Happyend

Et gëtt op d’mannst e mini Happyend. Eng Lëtzebuerger Reesgesellschaft huet sech decidéiert, dem Mann a senger Famill e Bong vun 2000 Euro ze schenken, fir d’Vakanz ze kompenséieren.

Back to Top
CIM LOGO