
E Méindeg am fréien Nomëtteg kruten d’Beamten um Belair an der Rue d’Ostende zwee alkoholiséiert Männer gemellt. Wéi d’Police op d’Plaz koum, ass ee vu béide Männer an d’Kierch geflücht. D’Beamte sinn him nogaangen, wéi si hie fonnt, hunn, hat hien d’Box erofgestrëppt. An der Suite koum de Mann mat op d’Kommissariat.
Am spéide Méindegowend war en alkoholiséierten an aggressive Mann am Zuch Richtung Dikrech ënnerwee. Éischten Aussoen no hätt en och an den Zuch urinéiert. Och hie koum mat op de Policebüro.
An der Avenue du Rock’n’Roll zu Esch-Belval huet kuerz no Hallefnuecht en alkoholiséierte Mann eng Partie Gäscht vun engem Hotel belästegt. Hie koum wéi déi aner zwee Männer an d’Ausniichterungszell.