En Donneschdeg de Moie war d'Aarbecht vun der Police d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Ob d'Policegewalt zouhëlt oder net kann een net kloer soen. Et ass een op alle Fall als Polizist hautdesdaags méi visibel an de Respekt virun der Uniform ass sécher net méi do. Dat sot déi nei Presidentin vun der Policegewerkschaft SNPGL en Donneschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. Zanter 2018 goufen et 123 Fäll vu Policegewalt, deemno ronn 25 Fäll d'Joer gëtt et der Statistik vun der IGP no.

D'Marlène Negrini konnt keng nei Elementer liwweren iwwert de Fall vu 4 Beamten, déi rezent festgeholl an an Untersuchungshaft komm sinn, ënnert anerem wéinst Kierperverletzung. D'Instruktioun wier nämlech nach amgaangen an an der grousser Vakanz wier d'Geriicht op Stand-By. Den zoustännegen Untersuchungsriichter vun der Affär wier och am Congé.

Wéi entsteet Policegewalt?

Si wéilt net soen, dass Policegewalt aus Frust oder aus Roserei eraus géing entstoen, mee et wier einfach esou, dass eng Policeuniform haut näischt méi wäert wier. Generell huet d’SNPGL-Presidentin sech beklot, dass de Respekt géintiwwer vum Polizist net méi do wier. Et géing op si gespaut a mat Saachen op si geworf ginn. Bei Manifestatioune géingen och alt emol Eeër, Tomaten oder Bengele fléien. 1988 wéi si ugefaangen huet, wier dat nach anescht gewiescht, do gouf nach "der Police gefollegt".

Wann een deemools zum Beispill engem Vollert gesot huet, hie soll elo Heem goen, dann hätt deen de Café verlooss. Haut géinge se dacks späizen, op d'Beamten duergoen oder sech op de Buedem geheien, fir sech net verhaften ze loossen. Da misst och alt méi staark ugepaakt ginn. Wann de Betraffenen da seet, d'Police hätt him wéigedoen, stéing et Ausso géint Ausso an da misst eng Enquête gemaach ginn.

Asaz vu Bodycams

Do kéinten d'Bodycams an Zukunft an d'Spill kommen. Dat entspriechend Gesetz gouf jo virun der Summervakanz gestëmmt. Initial wier dëst Gesetz och tipptopp gewiescht, sot d'Marlène Negrini. Mat den Ëmännerungen no den Avisen - ënnert anerem vun der Dateschutz- an der Mënscherechtskommissioun - wier den Ëmgang mat de Kameraen elo nees méi schwiereg, well ee misst ënnerscheeden tëscht privatem an ëffentlechem Raum. Allgemeng wieren d'Bodycams awer eng gutt Saach fir d'Beamten, sou d'Presidentin vun der SNPGL, mee grad bei der Auswäertung misst een oppassen.

Ass d'Kriminalitéit an d'Luucht gaangen?

Et wier gutt méiglech, dass d'Kriminalitéit an d'Luucht gaangen ass, well ebe vill auslännesch Matbierger op der Gare ronderëm lafe géingen, déi mat Droge géingen handelen a well d'Bevëlkerung och géing wuessen, sou d'Marlène Negrini. Donieft wier haut alles ëffentlech. Jiddereen hätt een Handy an haut géing och alles gefilmt ginn.

Invité vun der Redaktioun: Marlène Negrini

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.