Luxair zitt sech zeréck - 3 Gesellschafte wieren intresséiert
D'Luxair wäert sech aus strategesche Grënn vum Handling am Cargozenter trennen. Aktuell leeft d'Selektioun vun de Firmen, déi d'Geschäft iwwerhuele sollen.
Eng Decisioun gëtt net virum Hierscht erwaart.
D'Luxair zitt sech zeréck: Eng Entscheedung, déi zanter Wochen um Findel eng Rei Froen opwërft a fir Onsécherheet ënnert dem betraffene Personal suergt.
Enn Mee huet de Verwaltungsrot vun der Airline d'Decisioun getraff, net méi bei der ëffentlecher Ausschreiwung mat ze maachen, wou zwou Gesellschafte gesicht ginn, déi fir 7 Joer den Handling vum Cargo assuréiere sollen. E Geschäft, wat historesch an den Hänn vun der Luxair läit.
1976 huet d'Luxair den éischte Cargozenter a Betrib geholl. Deemools scho goufe 75% vun de Wuere vun der Cargolux transportéiert. D'Geschäft ass mat de Joren explodéiert. Ausgeluecht fir 180.000 Tonne sinn d'Installatiounen an den 90er Joren aus allen Néit geplatzt. 1994 gouf dunn de Grondstee fir den aktuelle Cargozenter geluecht. Deen zanterhier ausgebaut gouf. 2021 gouf e Rekord-Ëmsaz vun 1.088.442 Tonnen erreecht. An awer huet d'Konkurrenz de Cargo am europäesche Ranking vun der Nummer 5 op Plaz 8 verdrängt. Wärend der Pandemie huet de Cargozenter eng system-relevant Roll gespillt.
Aus strategesche Grënn trennt sech d'Luxair vum Cargo-Handling, well ee sech an Zukunft op d'Airline konzentréiere wëll.
Gewuess ass de Cargo um Findel iwwer d'Joerzéngt mat virop enger Gesellschaft: der Cargolux. A grad déi Cargolux ass elo bereet, hir Aktivitéiten iwwer eng nei Filial auszebauen. Dat mécht Sënn, well haut eng 80% vun de Wuere vun der Cargolux transportéiert ginn.
Deen, deen den Handling iwwerhëlt, wäert misse Milliounen investéieren. Rieds geet vun 200 Milliounen Euro - Geld, wat der Luxair feelt.
RTL-Informatiounen no hunn nieft der Cargolux zwou weider Gesellschafte bei der ëffentlecher Ausschreiwung matgemaach. Eng Decisioun gëtt net virum Hierscht erwaart. E Prozess ënner strenger europäescher Beobachtung. D'CFL Multimodal a Wallenborn Transports dementéiere Rumeuren, datt si direkt oder indirekt och mat am Coup wieren.
Fir d'Gewerkschafte gëllt eng Prioritéit: déi 1.200 Aarbechtsplazen ofsécheren. Ouni datt d'Personal Rechter a Virdeeler aus dem aktuelle Kollektivvertrag verléiert.