
D’Carrière supérieure géif “bausse vir gelooss” ginn, beschwéiert sech d’Proffegewerkschaft APESS, am Kader vum finaliséierte Gehälteraccord tëscht Fonction publique a CGFP.
Ënner anerem misst den travail de candidature mat 45 Punkten unerkannt ginn an d’Kierzunge bei den Indemnitéite vun den Examenskommissioune missten eliminéiert ginn. Och misst d’Gesetz vum Zäitspuerkont bei de Proffe korrekt applizéiert ginn.
Datt de Staat seng eege BTS-Diplomer elo géif unerkenne wier sécherlech ze begréissen, esou d’APESS. Et géif ee sech awer froen, firwat dat net vun Ufank un sou war.
De Communiqué vun der APESS fannt Dir hei: