
Dat gëtt vun de consultativer Mënscherechtskommissioun an dem Zentrum fir Gläichbehandlung begréisst. Allerdéngs bedauere béid Organisatiounen, datt de fäerdegen Aktiounsplang net fir d'éischt deene Concernéierten, also den Organisatiounen, déi sech fir d'Rechter vun deene Behënnerten asetzen, presentéiert gouf. Et hätt een zwar an Aarbechtsgruppen un all Kapitel vum Plang matgeschafft, ma de Prinzip vun der Participatioun wier net bis zum Schluss applizéiert ginn, monéiert de President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun, Gilbert Pregno.
Gilbert Pregno: Et ass ganz wichteg, dass d'Behënnertenorganisatiounen doru bedeelegt sinn, fir esou e Plan d'action auszeschaffen. Et ware Versammlunge bis d'lescht Joer an dunn näischt méi. Mir hätten et begréisst – de Centre pour l'égalité de traitement och – dass d'Behënnertenorganisatiounen dee Plang virgestallt kritt hätten, ier et an der Chamber a gëschter am Public virgestallt ginn ass.
Eng Rei Verbesserunge par Rapport zur leschter Editioun géif deen neie Plang zwar bréngen, ma der Mënscherechtskommissioun an dem Zentrum fir Gläichbehandlung feele präzis Terminer, wéini déi eenzel Mesure sollen ëmgesat ginn. Donieft warnen se, datt de Plang ouni enk Koordinatioun an Zesummenaarbecht tëscht de verschiddene Ministèren net kann erfollegräich sinn.