
D’Konditioune fir e poséierten Debat wieren net ginn. Dobäi misst ee sech grad a sou enger delikater Fro, déi en Agrëff an d’Mënscherechter bedeit, sech déi néideg Zäit ginn an net “politique politicienne” bedreiwen.
Donieft géif d’Impfflicht ze spéit kommen. Zu engem Ament, wou de Risk, wéinst Covid hospitaliséiert ze gi mat Omikron méi kleng ass, wier ze fäerten, datt d’Impfflicht net deen néidegen Uklang fënnt a schwéier z’argumentéiere wier.
D’Mënscherechtler fuerderen och, et misst kloer festgehale ginn, wat ee mat enger Impfflicht erreeche wëll an datt ee weider misst fuere mat Sensibiliséierungscampagnen an enger besserer Kommunikatioun.
